ConcerTour

Buchungsinfo

Eis Reese kënnt Dir direkt online, per Telefon/Fax oder als separat Mail buchen. E Link zur direkter Online-Buchung fannt Dir bei de jeweilege Reesoffer. No Ärer Online-Buchung kritt Dir vun eis eng Mail iwwer den Erhalt vun Ärer Umeldung.

All Termine mat engem oppene „buchen“-Knäppchen sinn direkt bestätegt, an déi schrëftlech Buchungsbestätegung kënnt Iech normalerweis per Email oder per Post zou. Sollt Dir no e puer Deeg keng Bestätegung kritt hunn, kontaktéiert eis w.e.g. ënnert der ënnendrënner stoender Telefonsnummer.

D'Daten ënnerleien de gesetzleche Dateschutzbestëmmungen a ginn iwwer eng SSL-Verschlësselung un eis iwwerdroen.

De Reesvertrag kënnt mat der schrëftlecher Buchungsbestätegung vun ConcerTour zoustane. 2 Woche no Erhalt vun der Bestätegung ass eng Unzuelung ze leeschten, déi ongeféier dem Wäert vun de Kaarten entsprécht. Weider ass d'Restzuelung 6 Woche virum Reesufank ze bezuelen.

Är un ConcerTour geleeschte Zuelunge si duerch de am Reespräis abegraffene Reesesécherungsschäin abgesécheert.

Mir empfehlen den Ofschloss vun enger Reeserécktrëttskäschteversécherung fir déi gebuchte Rees fir de Krankheetsfall.

Programm- a Besetzungsännerunge bleiwen ausdrécklech virbehalen an sinn kee Grond, fir vun der Rees zeréckzetrieden. D'Besetzunge entspriechen den Angaben vun den Opere- a Konzerthaiser zum Zäitpunkt vun der Buchung. Bitte beuechtt Dir virun Ort eng méiglech Ännerung vun der Ufankszäit vun Ärer Veranstaltung.

Weider wëlle mir Iech doriwwer informéieren, dass Gebühren wéi d'City Taxe, d'Kurtaxe, d'Beherbergungssteier oder aner vun amtlecher Säit erhuewe Steieren am Reespräis abegraff sinn. Nëmmen déi perséinlech Extrae ginn op der Plaz bezuelt.

Bei enger Rees mat ConcerTour iwwernuechte Dir a verschiddenen Ennerkonften, vum 3-Stäre-Hotel bis zum 5-Stäre-Hotel, a begéint dobäi weltwäit ganz ënnerschiddleche Standarden. Mir kënnen an dësem Fall leider net garantéieren, dass Mënschen mat ageschränkter Mobilitéit, aneren Behënnerungen bzw. Handicaper d'Rees ouni Problemer duerchféiere kënnen. D'Erfarunge weisen awer, dass d'Rees a Begleedung vun enger Hellefsperson duerchaus méiglech ass.

Wéinst der sech ëmmer ännernder Lag op der Welt passe mir d'Inhalter vun eisen Internetsäiten fortlafend un. Dat beinhalt souwuel kuerzfristeg Ännerunge vun den ausgeschriwwene Reesen oder d'Dobäisetze vu nei opgeluechte Reesoffer. Sollten op Grond vun behärdleche Reeswarnungekee eenzel Reese kënnen duerchgefouert ginn, informéiere mir Iech direkt a sichen zesumme mat Iech no enger gemeinsamer Léisung.

Fir d'Anhale vun de Pass-, Visa- a Gesondheetsbedingunge ass de Client selwer verantwortlech. Iwwer eventuell bestoend oder sech änneren Areesebedingunge an aner Länner informéiert de Client sech eegestänneg; esou wéi och iwwer eventuell Zougangsbeschränkungen an Opere- oder Konzerthaiser virun Ort.

Weider Informatioune besprécht mir gär och telefonesch mat Iech ënnert
+49 [0]6751 8554657 oder per Email un info@concertour.de

ConcerTour